D'Thelma ass e klenge Pinguin, deen anescht ass wéi déi aner. Hatt huet de Schnéi net sou
gär, an och net d’äiskaalt Waasser, an hatt wënscht sech, fléien ze kënnen. Ass dat iren, well hatt
am Bambësch gebuer an deelweis mat senge beschte Frënn, der Kaz Willy an der Maus Sophia,
opgewuess ass? Elo, wou hatt nees am Land vum Äis lieft, mécht d’Thelma sech Suergen ëm säi
Gebuertsdag, deen demnächst usteet. Wat, wann de Börsday säi mat Schnéi bedecktent Haus
net fënnt – muss hatt da fir ëmmer véier bleiwen? Wéi d'Thelma probéiert, eng
Gebuertsdagsparty fir seng Frënn aus dem Bësch ze organiséieren, geréit hatt an e grousst
Abenteuer dat him vill wichteg Saache bäibréngt an him weist, dass et awer cool ass e Pinguin ze
sinn.